Muselbikes 2020 - 2022

Léiw Memberen,
 
Wéi dir wësst, lafen eis 3 Jores Kontrakter mat den aktuellen Sponsoren gläich of.
 
Fir 2020 kritt den Club aus dësem Grond eng komplett nei Tenue. Den neien Design geet dem aktuellen Trend vun den modernen Tenuen no.
En ass opfalend, gläichzäiteg awer elegant an dezent. Natierlech bleiwen mir eisen Faarwen schwaarz, rout & wäiss trei.
Déi nei Tenue get als Iwwerraschung bei eiser Assemblée Générale den 25 Mäerz 2020 offiziell presentéiert.
 
Opgrond vun den gudden Erfarungen déi mir mat Vermarc gemaach hun, hun mir decidéiert beim selwechten Hiersteller ze bleiwen.
E weideren Virdeel ass, dass d'Gréissten net geännert hun an domat jiddereen seng Gréisst kennt.
 
Déi éischt grouss Commande gëtt Enn dësem Joer gemaach. Hei drënner fannt dir en bon de Commande mat den verschiddenen Präisser.
Dir kritt eng Retour Remise vun 15,00 € fir dei aktuell Tenue.
 Des Offer limitéiert sech op 1 Retour pro 1 nei Pièce.

Beispill: 1 Cuissard + 1 Trikot bestallt, 1 alen Cuissard + 1 alen Trikot Retour = Remise vun 2 x 15,00 €.
Déi sou agesammelt Tenuen iwwerreechen mir enger Associatioun.
Et versteet sech, dass d'Tenue an guddem & gewäschenen Zoustand ass.
 
Well eng zweet Commande viraussiichtlech réischt fréistens am Mäi gemaach get, denkt w.e.g. drun Iech komplett fir déi nei Saison ze equipéieren.
En Stock wäert tëschenzäitlech just limitéiert zur Verfügung stoen.
 
Den Bon de Commande ass bis spéitstens den 06.12.2019 per e-mail un muselbikes123@gmail.com ze schécken.

Download
Bon de commande_2020.pdf
Adobe Acrobat Dokument 515.9 KB

Muselbikes 2017 - 2019

Download
Bon de commande 2019.pdf
Adobe Acrobat Dokument 681.9 KB

Muselbikes - Trisport - G-Art Helm

Specialized S-Works Prevail II Team Red

 

Normal Präis: 239,90 €

Muselbikes Member Präis: 150,00 €

 

Muselbikes Bestellcode & Konditiounen

iwwert muselbikes123@gmail.com ufroen


Muselbikes Polo

 

Muselbikes Member Präis: 30,00 €

 

Bestellung & Konditiounen

iwwert muselbikes123@gmail.com ufroen


Muselbikes Softshell + Gilet

Muselbikes Softshell + Gilet

 

Uprobéieren + Bestellung bei G-Art zou Fréiseng

Kontakt & Info op www.g-art.lu

 

 


Trikot 2014 - 2016


Trikot 2012 - 2013


Trikot 2010 - 2011


Trikot 2008 - 2009


Archives